D'Kapell vum Hellege Kräiz vun Arel

 

Am Ausgank vun der Stad, riets an der Baaschtenecherstroos steet, an engem Wisegrond déi al Kapell vum Hellege Kräiz. Dës hat, a fréieren Zäiten, ee gewëssenen Didier, wou d'Famill aus Arel gestaamt huet, baue geloos zur Veréierong vum hellege Kräiz.

An deer Kapell befënnt sech eent Kräiz mat engem Christus wou d'Jammergestault op de Besicher een déif ergräifenden Androck mécht.

Et gët erzielt dass de Grënner vun der Kapell, wéi hien d'Kräiz bestallt huet, dem Kënschtler de Befeel gouf d'Gesiichtzich an déi ganz Gestalt vum gëttleche Martir, wa méiglech, mat Gefill duerzestellen. Zweemol huet de Kënschtler säi Wierk mussen erëm ufänken ier et deem am Geescht vum Besteller geglach huet. Wéi du d'Bild séng Plaz an der Kapell krut, as dem Besicher de schmerzerleche Bléck vum Heiland nogaang irgenwou hie stung vrum gekräizegte Gottesmënsch.

Haut huet de Bléck vum Christusbild deen eegenen Ausdrock nit méi an as stéits zum selwechte Punkt geriicht.

Wéi dat koum as, erzielt d'Vollék esou:

Wéi an der Revolutiounszäit, d'franséisch Sans-Culotten op Arel koumen an do, wéi iwerall, hir Béiswëllegkeet an de Gotteshaiser gedriwwen hun as een Dag och eng Band deer wëller Gesellen an déi helleg Kräizkapell agedrong. Bäim Bekucken vum gekräizegten Heilandes deem säi Leidensbléck, jiddfer Raiber, wéi mat Verdrëslegkeet ze folgen, huet geschengt huet ee vun hinnen dem Christusbild zougeruff: "Waart nëmmen, du ale Schelm! Du bas elo laang genug am Kräiz gebaumelt. Ech wêll der déi zwee Been anzwee schneiden, wéi d'Judden et hirsäits fréier mat deen zwéin Mëssdéideger déi mat der gekräizegt si gin, gemeet hun. Dunn as hien séier gaang, mat sengem Gewier fir déi béis Absichten auszeféieren.

Awer, o Wonner! direkt huet den Ausdrock am gëttleche Bléck sech geännert an de Gottesläster as entsat a bleech wéi eng Läich zur Kapelldir ausgeflunn.

An der Schluecht, déi herno gouf, huet eng Kanounekuwel dem Fransous déi zwee Been ewechgerass. A wéi den Heiland deemools de Gotteslästerer ugekuckt huet, sou kuckt en nach haut.

Etwa zwéi Meter riets vun der Kapell ewech stong fréier an der Wiss eng mächteg Lann, deer hire grousse Bliederdaach sech iwert d'Kapell ausgebreet huet wéi fir se ze beschützen. Ënner dem Bam stunge vill kleng Kräizer déi d'Veréierer fir d'Erfëllong vun engem fromme Wonsch, oder als Dank fir eng wonnerbar erhale Gnod do geplanzt haten.

Munnech hun hiirt Kräiz offentléch an am Bieden zur Kapell gedroen, aner, déi méi Méinschenscheiheet haten, hun et ënnert hire Kleeder oder an der Nuecht dohi bruecht.

Fir sech vum Leed ze bewaren, oder fir vun enger Krankheet geheelt ze gin, as sech virgeholl gin Nengertchen an der Kapell ze halen.

Deen esou eng Andacht ënnerholl huet, huet sech eng vun deen eisene Krounen, déi nach haut do sin, op de Kapp gesat wann er an der Kapell gebied huet.

An der Kapell hungen och nach zwéi Krich. Déi erënneren op d'wonnerbar Helung vun engem gewëssene Schitz aus Arel. Dee war gelämt a konnt nit méi goen. Du huet e sech virgeholl, fir vu séngem Wéi befreet ze gin, eng Néngtchen an der Kapell ze maachen. En huet et gemeet.

Am néngten Dag as hien nach op sénge Kretschen d'Baaschtnecherstrooss afgehipt; a wéi e säint Verspriechen erfëllt hat konnt hien op gesonte Féiss d'Gotteshaus verloossen.

An der Helleger Martinskiirch befënnt sech ee schéine Kiéleg, op deem d'Biller vun den zwielef Apostelen sech befannen. Déi Biller si mat kostbare Steng zesumme gesat. De Kiéleg kéint vun engem Paschtouer vun der Famill Didier eraus an déngt zum Massopfer an der Helleger Kräizkapell.

S. Clesse

Quoted from; Geschwënn..., Zäitschrëft vum Arelerland, 20. Joer, 1995, Nr. 77, p. 26-27.
Published by:
Arelerland a Sprooch, Kulturveräin -Mouvement culturel pour la défense et la promotion de la culture et de la langue luxembourgeoises dans l'Arelerland, Goldberg 69, Sampont-Sues, B-6700 Arlon-Arel, Belgium

 

This page is created as illustration for our pages about languages spoken in Belgium
Some texts may be affected by copyrights and eventually need to be removed from this server in the future

Updated: 1996-06-25, 2000-12-01, tansfer to the Combell server on 2020-10-26

© Euro-Support, Inc.