Op Lëtzebuergesch ... bieden


  D'Kräiz

Am Numm vum Papp a vum Soun a vum Hellege Geescht. Amen.


Ave Maria

Free dech, Maria,
ganz an der Gnod.
Den Här as mat dir.
Du bas geseent ënnert de Fraen
a geseent as Jesus,
d'Kand, dat s de dréis.
Helleg Maria,
Gottesmamm,
biet fir äis Sënner,
elo an an der Stonn vun eisem Doud.
Amen.


Pater Noster

Eise Papp am Himmel,
däin Numm sief gehellegt.
Däi Räich soll kommen.
Däi Wëll soll geschéien,
wéi am Himmel sou op der Äerd.
Gëf äis haut eist deeglecht Brout.
Verzei äis eis Schold,
wéi mir och dene verzeien,
déi an eiser Schold sin.
Féier äis nët an d'Versuchung,
mä maach äis fräi vum Béisen.
Well däint as d'Räich an d'Muecht
an d'Härlechkeet fir ëmmer an ëiweg.


Gloria Patri

&Eacuteier dem Papp, an dem Soun, an dem Hellege Geescht, am Ufank, elo an ëmmer an éiweg. Amen.


Credo

Ech glewen un den Härgott
de Papp, deen all Muecht huet,
deen Himmel an Äerd erschaf huet;
an u Jesus Christus, säin eenzege Soun, eisen Här,
ëmfaang duurch den Hellege Geescht,
gebuer vu Maria, der helleger Jongfra,
gelidden ënnert Pontius Pilatus,
gekräizegt, gestuerwen a begruewen;
hien as erofgaang an d'Räich vum Doud,
operstan den drëtten Dag
an opgefuer an den Himmel;
hie sëtzt rietserhand vum Papp,
deen all Muecht huet;
vun do kënnt hien,
fir déi Lieweg an déi Doudeg ze riichten.
Ech glewen un den Hellege Geescht,
un déi helleg kathoulesch Kiirch,
un d'Gemeinschaft vun den Hellegen;
ech glewen, datt d'Sënde verzië gin,
dat déi Doudeg operstin,
an un d'eiwegt Liewen.
Amen.


Gesammelt vum Fr. Dondelinger.
Quoted from; Geschwënn..., Zäitschrëft vum Arelerland, 20. Joer, 1995, Nr. 77, p. 19.
Published by:
Arelerland a Sprooch, Kulturveräin -Mouvement culturel pour la défense et la promotion de la culture et de la langue luxembourgeoises dans l'Arelerland, Goldberg 69, Sampont-Sues, B-6700 Arlon-Arel, Belgium
 

This page is created as illustration for our pages about languages spoken in Belgium
Some texts may be affected by copyrights and eventually need to be removed from this server in the future

Updated: 1996-06-25, 2000-12-01, transfer to the Combell server on 2020-12-26

© Euro-Support, Inc.